Navigation


Sektor Pensionierte, Rentner & Witwen

Am Kampf géint den Aarmutt

Zu Recht beschwéieren mir eis, an mat eis sämtlech Gewerkschaften am Land, an Europa an anerwärts op der Welt, datt dauernd führend Leit aus der Politik, der Wirtschaft an ganz besonnesch déi Honnerten vun Wirtschaftsexperten den schaffenden Leit an den Pensionéierten virhalen, sie missten méi lues trëppelen an hier Gewerkschaften missten sech zréckhalen mat Lounfuerderungen an weideren Verbesserungen am Sozialberéich, wëll soss eis Wirtschaft am Weltwettbewerb net méi kompetitiv wier.

Mä wen zitt dann d’Avantagen an den Profit aus dem sougenannten internationalen Wettbewerb, wodurch de Misère an d’Aarmutt an villen Regiounen an der Welt net ofhëllt, mais éischter zouhëllt, well meeschtendeels den ongezügelten Wettbewerb mat Dumpingléin an mat verschlechterten Sozial- an Aarbechtsbedingungen durchgezunn gett.

E Freideg hunn ech am Tageblatt geliest, datt nom „UNICEF Report 2010“ eléng dëst Jor durch d’Krise zousätzlech 64 Milliounen Menschen ënnert d’Aarmuttsgrenz rëtschen an datt dovunnen d’Hallschent Kanner ënnert 17 Jor wieren. D’UNO zielt méi ewéi 1 Milliard Menschen, déi mat wéineger ewéi 1,25 US-Dollar den Dag liewen mussen.

Ët ass schonns opfalend, datt nie een vun denen dichtegen Leit verlaangt huet, datt déi grouss „Zampanoen“ vun Manager, Groussgrondbesëtzer, Finanzhäien an aner Spekulanten,

- déi den Hals nie voll genug kréien an déi ëmmer erëm an Skandaler verwéckelt sinn mat schwaarzen Konten am Ausland an Steierbedruch am groussen Stil,

- déi durch hiert spekulativt Fehlverhalen mat Subprime an mat riskanten Hypothekendarlehen resp. mat faulen Wertpabeieren an dubiosen Derivaten (haut nennen sie dat „bad“ Pabeieren, déi elo d’Zentralbanken an Staaten hinnen sollen ofkafen zumindest an Dépôt huelen, fir datt hier Bilanzen erëm vertrauenswürdeg sollen ausgesinn) déi weltwéit Finanzkris an an deren Konsequenz déi gréisste Wirtschaftskris vun allen Zäiten ausgeléist hunn, eemol méi lues trëppelen an sech bei hieren „self – service“ Methoden e bësschen méi Mässigung operleeën sollten.

Och verlaangt keen vun denen dichtegen Leit, datt sie eemol e Stéck vun hiren Akommessen, Diäten, Bonien, Tantièmen, stock-options, Coupons an Dividenden oftrieden sollten.

Et ass dach éng Tatsaach, datt durch déi Machenschaften éng kleng Zuel vun Leit „à la Mittal et Cie“ et an denen leschten 10 Joren färdeg bruecht hunn, hiert Privatverméigen an Gréissenuerdnungen uwuessen ze loossen, déi een mat engem normalen Menschenverstand net méi erfaasse kann.

Esou soll no enger Étude vun der UNO 1% vun der Weltbevölkerung gutt 40 % vum weltwäiten Gesamtverméigen un Land, Immobilien, Geld an Wertpobeieren besëtzen, während déi méi arem Hallschént vun der Weltbevölkerung just 1 % vun dem weltwäiten Gesamtverméigen besëtzt.

Fir déi lescht Genannten stinn (dixit Frank Bertemes) „Kalte Zeiten“ an d’Haus!

Esou wor et och net vun ongeféier, datt d’Jor 2010 zum „Europäeschen Jor zur Bekämpfung vun der Aarmutt an vum Ausschloss aus der Gesellschaft“ erklärt ginn ass, well schonns iwwert 80 Milliounen Menschen an denen 27 EU-Länner, dat sinn gutt 16 % vun der Bevölkerung - an wat nach méi schlëmm ass, dovunnen 19 Milliounen Kanner - an enger vun denen wirtschaftsstäerksten Regiounen vun der Welt ënnert der Aarmuttsschwell liewen mussen. Det obschonns den allgeméngen Liewensstandard an denen leschten 10 Joren an der EU staark eropgaangen ass. An trotzdem hunn an enger rezenter Enquête vun der EU-Kommission 80 % vun den Befroten erklärt, datt hier Situatioun sech an den leschten 3 Jor massiv verschlechtert huet.

Och an eisem räiche Lëtzebuerg ginn 13 % vun eiser Bevölkerung als arem aklasséiert, wobéi iwwerduerschnëttlech

- d’Alleinerzieher mat 45 %,

- d’Groussfamilien mat 25 % an

- d’Kanner ënnert 17 Jor mat 20 % dobei sinn. Dat heescht am Klortext, datt d’Gesamtakommes vun denen betraffenen Familllen ënner 60 % vum mëttleren Akommes (d’Mediane) hei am Land läit.

Mir sollten eis elo net oflenken loossen an eis domadden erausrieden, datt et an aneren Länner an Osteuropa, Afrika, Asien an Südamerika nach schlëmmer ass.

Dat ass eisen Matbierger keen Trouscht, wann sie net méi genug Suen hunn, fir

- sech saat z’iessen,

- sech ouni Hëllef vun der CARITAS anstänneg ze kleeden,

- hieren Loyer an hier Scholden um Enn vum Mount ze begléichen,

- d’Rechnungen vum Haushalt am Délai ze bezuelen,

- hieren Kanner déi klengste Wonsch z’erfëllen an

- hieren Kanner een klengen Liichtblëck op eng besser Zukunft bidden ze kënnen.

Bei denen Kanner ass et also ganz schlëmm, well sie souzesoen an d’Aarmutt eran wuessen an déi Aarmutt an déi nächst Generatioun veriewen. Sie sinn et, déi als éischt vun eiser Gesellschaft ausgeschloss ginn, ewell wéi seet e lëtzebuergesch Spréchwuert : „Et gett een an d’Aarmutt gebuer an et stierwt een an der Aarmutt !“

Och gutt 8 % vun eisen Matbierger, déi all Daag schaffen ginn, awer nëmmen den sozialen Mindestloun bezéien, kommen net iwwert den „seuil de pauvreté“ hinaus, besonnesch dann wann sie e Loyer musse bezuelen an wann méi Kanner am Stoot sinn, woduerch d’Mamm net regelmässeg schaffen kann goen oder ganz einfach keng Aarbecht fënd. Ganz grave gett d’Situatioun bei den Alleinerzieher, wobéi et sech hapsëchlech ëm gescheeten oder getrennten Fraen mat Kanner handelt, ewou de Papp sech ganz oft sénger Verantwortung entzéit.

Nëmmen duerch eng grosszügeg Ëmverdeelung vun uewen no ënnen - an net ëmgekéiert, ewéi et elo probéiert gett – kann denen Leit gehollef ginn. An dobei sinn mir all, mat eisen Gewerkschaften, gefuerdert, well sech ausser der CARITAS an der CROIX-ROUGE keen allzevill ëm déi Leit bekëmmert.

Ganz besonnech am Europäeschen Jor vun der „Lutte contre la pauvreté et l’exclusion“ misst d’Press éng héiger gesellschaftlech Verantwortung iwwerhuelen, well oft genuch de Bewéis erbruet gouf : « La plume est plus forte que l’épée ! »

Et geet och dorëms, eise Matbierger klor ze maachen, datt mir Lëtzebuerger an no eis eis Kanner an Kanneskanner gutt mat eisen ausländeschen Matbierger an denen Dausenden vun Grenzgänger, déi all Dag mathëllefen, de Reichtum hei am Land ze schafen, auskommen mussen! Duerfir geet och net méi duer, fir méi oder weniger reiwungslos niewenteneen, jiddfereen a séngem Eck ze liewen, mä et geet drëms, fir gutt mateneen zesummen ze liewen !

Zesummen mussen mir d’Erausfuerderungen vun eiser Zäit unhuelen! Mir mussen als Land wirtschaftlech an sozial weiderhin am Spëtzepeloton bleiwen, wobei eis Wirtschaft méi zweckorientéiert muss ginn - fir datt sie eis hëlleft, eisen héigen Liewensstandard an eis kollektiv Besoien ze finanzéieren.

An genau hei hunn déi eeler Semesteren éng grouss Verantwortung vis-à-vis vun hieren Enkelkanner an denen aneren Jugendlechen!

Mir wëssen jo nach, wat Krich, Onfréiheet an Ënnerdréckung, Misère an Mangel un Iesswueren an Kleeder bedäit. Mir hunn et nach materliewt, ewéi eis Elteren sech geplot an gehéit hunn, fir nom Krich iwwert Ronnen ze kommen, fir erëm alles nei opzebauen an fir déi vill kléng Mäiler ze stoppen.

Mir mussen mam gudden Beispill virgoen an am permanenten Gespréich denen jonken Leit de Wert vun der nationaler an der internationaler Solidaritéit béibréngen an hinnen d’Geforen opzeechnen vun Friemenfeindlechkeet, Rassismus, Nationalismus, religiéisen an ideologëschen Éifer, Aarmutt, Honger an Verelendung vun den groussen Massen, déi am Endeffekt fir d’ganz Menschheet schlëmm Folgen kënnen an wärten hunn. An der Geschicht hunn mir geléiert, datt et doduerch an der Vergaangenheet schonns munch Völkerwanderungen an grausam Kricher goufen.

Mir fréi Gewerkschaftler halen do dergéint an ruffen:

„Vive d’Solidaritéit ënnerten den schaffenden Leit “, zu denen och déi Pensionéierten zielen !

Josy Konz

Seitenanfang

email Vorschlagen