Editorial,Georges Merenz
Editorial,Georges Merenz
Zesummen an der Equipe
Werte Mitglieder,
Am Samstag den 14. Oktober 2017 fand der 66. Kongress des FNCTTFEL-Landesverbandes im « Casino syndical de Bonnevoie » statt. Kleine formelle Statutenänderungen, eine politische und richtungsweisende Resolution wurde verabschiedet. Eine neue Verbandsleitung wurde gewählt, bestehend aus zehn motivierten Gewerkschaftlern, welche für die nächsten vier Jahre die Führung des Landesverbandes übernehmen. In den kommenden Tagen wird die neue Mannschaft sich damit beschäftigen müssen, ihre gemeinsame Arbeitsweise zu definieren. Eines steht jetzt aber schon fest, die wichtigste Priorität der neu gewählten Verbandsleitung des Landesverbandes sind deren Mitglieder. Aus diesem Grund werden wir noch dieses Jahr eine große Tour zu unseren Mitgliedern starten um uns euch persönlich vorzustellen. Wir werden eure anstehenden Fragen beantworten sowie eure Anliegen aufnehmen und verarbeiten. Wir hoffen auf eine gute Zusammenarbeit mit euch - dies ist nötig um euch bestens vertreten zu können.
Anbei findet ihr meine Antrittsrede als neuer Präsident des Landesverbandes.
Georges Merenz
Usprooch vum neien
President
Gudde Moien, Komerodinnen an
Komeroden,
Moien, ass e Wuert, wat oft an der lëtzebuergescher Sprooch zur Begréissung genotzt gëtt, awer och Manéieren a Respekt vis-à-vis vun anere Persoune bedeit. A mat där Astellung wäert déi nei Verbandsleedung vum Landesverband hir Aarbechte fir de Verband ugoen.
Ech stellen iech emol einfach déi nei Equipe vir:
Den Nico Wennmacher, President vum Sektor Pensionären
De Carlo Thissen, Beroder mat spezifesche Kenntnisser
De Claude Wanderscheid, Bäisëtzende fir Memberwerbung a -betreiung.
Den Armand Loesch, Zentralsekretär vum Sektor Ëffentlechen Dingscht
Den Alphonse Classen, Zentralsekretär vum Sektor Eisebunnen
D’ Gaby Birtz, Generalcaissière
De Georges Melchers, beigeourdnete Generalsekretär
De Laurent Bour, Generalsekretär
Den Alain Sertic, Vizepresident
Zum Schluss ass et u mir mech virzestellen. Georges Merenz, neie President vum Landesverband. Et wäert u mir sinn, déi nei Equipe ze féieren. Zesummen an der Equipe fuere mir net einfach do weider, wou haut opgehal ginn ass. Mir wäerten verschidden nei Weeër aschloen, fir de Landesverband a seng Memberen éierlech an a voller Transparenz ze vertrieden.
Ech wollt awer och nach eise Kollegen aus der Verbandsleedung, déi elo net méi mat an der neier Equipe dobäi sinn, villmools MERCI soe fir déi Zäit an därer si fir de Verband geschafft hunn a sech fir eis Memberen agesat hunn.
Dat wieren den Jean-Claude Thümmel, den Fränk Gilbertz, de Yannick Jacques, de Romain Roden, de Romain Degeest an de Roland Schreiner aus der Verbandsleedung. D’Gaby Birtz als Presidentin vun der Kontrollkommissioun am Landesverband. Iech alleguerte wënschen mir alles Guddes fir är perséinlech Zukunft a wären natierlech frou, dass mer weider op är Ënnerstëtzung am Landesverband ziele kéinten.
Et gëtt ëmmer vill geschwat, dass een nëmme mat engem gudden Dialog anstänneg Aarbecht maache kann. Déi nei Equipe schwëtzt net vill doriwwer, mee mer maachen et einfach. Bei eis an der Equipe, mat iech, eise Vertrauensleit an och dobaussen mat eise Memberen. Dofir wäerten mir nach dëst Joer eng grouss Visite um Terrain starten fir eise Memberen hir Froen ze beäntweren an hir Uleiessen an Ängscht opzehuelen.
Am Virfeld vun dësem Kongress krut ech vun engem Kolleg, hei ënnert iech, gesot, ech soll meng Ried zimlech kuerz halen. Wéi gesot, mir lauschteren op iech an dowéinst beschränken ech mech op e puer wichteg Punkten.
Grousse Feeler beim Tram
Den Tram. De 05. September 1964 war offiziell Schluss mam deemolegen Tram zu Lëtzebuerg. No laangjärege Fuerderunge kréie mer 53 Joer dono erëm een Neien.
Beim Konzept vum neien Tram huet eis Regierung awer schonn den 1. grousse Feeler gemeet. Schinne gehéiere bei Schinnen, an esou gehéiert den Tram bei d’CFL-Group, an net an eng nei geschaaffen LUXTRAM-S.A.-Gesellschaft. Mir hoffe just, dass eis Regierung net erëm Jore brauch fir sech dëse Feeler anzegestoen a se sollt den Tram komplett an d’CFL-Group integréieren.
Mir kréien an den neie Medien all Dag schéi Biller vum Tram gewisen. Eng schéi Porte Ouverte bei Luxtram gouf inszenéiert. Mee, Komerodinnen a Komeroden, vun de Loun- an Aarbechtsbedingunge bei Luxtram héiert een net vill. Déi Loun- an Aarbechtsbedingunge souwéi se am interne Reglement vu Luxtram stinn, entspriechen engem regelrechte Sozialdumping fir e Sécherheetsbetrib am modernen ëffentlechen Transport hei zu Lëtzebuerg. An dat gedroe vum Lëtzebuerger Staat an der Staater Gemeng, déi zu 70 respektiv 30 Prozent Aktionär bei Luxtram sinn.
Am Ufank vun dësem Joer hat de Landesverband duerch 2 Bréiwer eng Entrevue bei der Direktioun vu Luxtram ugefrot. Eréischt nodeems mer e Communiqué de presse eraus ginn haten, “keen Tram ouni Kollektivvertrag”, si se bei Luxtram erwächt a mir kruten eng Äntwert. Si wollten dem Landesverband och direkt e Been stellen an hunn no eiser nationaler Repräsentativitéit gefrot.
Komerodinnen a Komeroden, déi hunn mir duerch eise Kooperationsvertrag mam OGBL. Do gesi mer, wéi wichteg d’Zesummenaarbecht mam OGBL fir de Landesverband ass. A wéi gudd se funktionéiert, hu mer eréischt kierzlech gesi mat dem gudden Ofschloss vun engem neie Kollektivvertrag bei der CFL-Cargo.
De Landesverband an den OGBL hunn zesummen dëse Kollektivvertrag mat der Direktioun vun der CFL-Cargo ausgehandelt an ënnerschriwwen.
Dowéinst ass et ëmsou wichteg, dass mer eise Kooperatiounsvertrag mam OGBL verstäerken; et wäerte keng einfach Zäiten zu Lëtzebuerg op eis duer kommen.
Soubal mer eppes Konkretes an dëser Richtung ausgeschafft hunn - wat awer elo net déi 1. Prioritéit vun der neier Equipe ass - sinn et eis Memberen, déi op engem Kongress decidéieren, wéi wäit d’Zesummenaarbecht zwëschen dem Verband an dem OGBL geet.
Awer zréck bei den Tram. Zesumme mat enger Delegatioun vum OGBL froe mer nach ëmmer no der 1. Entrevue bei der Direktioun vu Luxtram. Eis Fuerderung ass kloer, e Kollektivvertrag fir Mataarbechter vu Luxtram an deen ugepasst un den AVL.
Den 10. Dezember soll déi grouss Aweiung vum Tram sinn. A mir hoffen natierlech, dass sech a Saache Kollektivvertragsverhandlungen mat Luxtram bis dohin eppes gedoen huet.
De selwechten Dag, gëtt vun der CFL de Funiculaire um Kierchbierg an den neie Quai Paffendal-Kierchbierg ageweit.
D’CFL huet do e grandiose Projet gebaut: mir gratuléieren hir dozou.
Mir wäre jo och nach gären deen Dag mat op de Findel getrëppelt, wou déi vum Landesverband éiweg gefuerderten Zuchubannung un de Findel ageweit gi war. De Minister Bausch huet jo eréicht gëschter matgedeelt, dass den Tram elo bis op de Findel gebaut gëtt. Domadder wäert d’Zuchstreck op de Findel fir de Minister momentan net méi aktuell sinn. Mir bleiwe jiddefalls bei eiser Fuerderung: d’Zuchstreck op de Findel muss gebaut ginn!
Trotzallem muss ee positiv ervirsträichen, dass massiv vum Staat an d’Eisebunnsnetz investéiert gëtt.
Den Transportministère an d’CFL stellen de Méindeg (de 16. Oktober 2017, den Dag vu Redaktiounsschluss – mär kommen an eiser nächster Signal-Nummer op déi Virstellung zréck; Umierkung vun der Redaktioun) op enger Presentatioun déi zukënfteg Eisebunnsprojeten fir déi nächste Jore vir. D’CFL huet och eréischt kierzlech eng grouss Erneierung a Vergréisserung vum Fuerpark gestëmmt, an dëst fir d’Kapazitéit am ëffentlechen Transport erop ze setzen. All dat ass ze begréissen.
Géint
d’Gehälter-Reform
Den 2. Punkt, deen ech haut uschwätze wollt, ass d’Gehälter-Reform am ëffentlechen Déngscht. De Landesverband war bei de Verhandlungen net mat un den Dësch gelooss ginn, an mir ware vun Ufank un, géint d’Reform esou wéi se zwëschent der CGFP an der deemoleger CSV-Regierung ënnert dem Här Biltgen ausgehandelt ginn ass. Dass eng Bachelor’s Carrière geschaaffe gouf, fir dass eis Jongen a Meedercher hir Diplomer unerkannt an och deementspriechend bezuelt kréien, ass déi eenzeg Verbesserung duerch d’Reform; déi war längst iwwerfälleg an ass och gudd esou.
Dass den Här Biltgen an déi Regierung dono, eis virgejéimert hunn, dass d’Keese vum Staat eidel wären, an dass dowéinst d’Laufbahnverschlechterung an de mëttleren an ënneschtn Laufbahnen kommn missten fir déi nei Bachelor’s Carrière finanzéieren ze kënnen, ass eng regelrecht Frechheet a fir de Landesverband ni akzeptabel gewiescht.
No Aussoe vun der aktueller Regierung geet et dem Lëtzebuerger Staat jo erëm gudd an eis Keese si gefëllt. Wéi solle mer dat verstoen? Oder huet déi Ausso eppes mat den ustoende Wahlen ze dinn. Virun der Wahl voll, fir Stëmmen ze fänken ... no der Wahl eidel, fir sozial Verschlechterungen direkt duerch ze boxen. Dat éiwegt Spill vun der Politik.
Jiddefalls duerch déi schnell Ëmsetzung vun der Gehälter-Reform bei der CFL kréie vill hirer Mataarbechter déi voll Ausmoosse vun der Gehälter-Reform lo schonn all Mount knëppelhaart ze spieren.
Déi vun der Regierung an der CGFP zur Zäit ugeschwaaten, erëm Ofschafung vun de reduzéierten Stage-Gehälter ass nëmmen eng Drëps op de waarme Steen, dat geet dem Landesverband laang net duer.
De Landesverband fuerdert ëm-gehend - et geet dem Staat jo erëm gutt - eng Reform vun der Gehälter-Reform am ëffentlechen Déngscht. D‘Verlängerung vun de Stage-Zäiten, d’Ofsenkung vun de Stage-Gehälter an d’Laufbahnverschlechterungen, déi, virun allem déi nei agestallte Mataarbechter all Mount iwwert hiert ganzt Aarbechtsliewen ze spiere kréien, mussen erëm réckgängeg gemeet ginn.
An dowéinst fuerderen mir d‘Regierung op, nei Verhandlungen an d’Weeër ze leeden an dës Kéier de Landesverband och mat un den Dësch ze huelen fir schnellstens d‘Reform vun der Gehälter-Reform am ëffentlechen Déngscht unzegoen.
Mir zielen do natierlech op e gudden Dialog mat eisem Sozialpartner, an dësem Fall der Regierung. Sollt dëst net den Fall sinn, Komerodinnen an Komeroden, muss de Landesverband seng Verantwortung vis-à-vis vu senge Memberen huelen. Et gëtt dann déck Zäit, dass mer de Stëbs vun eise Fändele rëselen an domadden op d’Strooss ginn.
Natierlech mussen all eis Memberen geschlossen hannert eis stoen, no eisem Motto “Zesumme staark” fir dem Landesverband déi néideg Kraaft ze ginn dëst duerchzezéien.
Gläich Rechter fir
d‘Chargés de Cours
Den Donneschdeg Moien hat de Landesverband zesumme mam SEW-OGBL op eng Pressekonferenz hei an den Casino agelueden, dir huet dat bestëmmt alleguerte gëschter (den 13. Oktober, U. v. d. Red.) an der geschriwwener Presse gelies. Et gung haaptsächlech em gläich Aarbecht a gläich Rechter zwëschent de Chargés de Cours an hiren diploméierte Kollegen. De Landesverband fuerdert eis Regierung wäermstens op, sech an dësem Dossier ze beweegen an eppes fir eis Chargés de Cours ze maachen. Ouni eis Chargéen, déi well am jäerleche Schoulprogramm fest ageplangt ginn, géif d’Schoulwiesen zu Lëtzebuerg komplett zesumme briechen.
Entrevue bei
TICE-Direktioun
An och d’Kollege vum TICE kënne mer berouegen. Déi nei Verbandsleedung waert den Dossier TICE objektiv ugoen a schnellstens eng Entrevue bei hirer Direktioun ufroen.
An och en Opruff no baussen un all déi, déi bis elo net Member am Landesverband sinn. Et gëtt kee Grond, net Member am Landesverband ze sinn, mee et gëtt der ganz vill, et ze ginn. Also gitt Member am Landesverband a stäerkt eis, fir dass mir zesummen eis Fuerderungen duerchsetze kënnen
Komerodinnen an Komeroden, ech wollt, sou wéi ech ugefaang hunn, mat engem Wuert ofschléissen.
MERCI,
un iech eis Vertrauensleit, dass dir haut de Moien komm sidd an eis duerch är Wahl d‘Vertrauen ausgeschwat huet.
u meng Kollegen an der neier Equipe, dass dir är Kandidatur gestallt hutt fir zesummen fir de Landesverband ze schaffen an iech fir d‘Rechter vun eise Memberen asetzt.
A MERCI am Viraus un all eis Memberen, dass dir eis ënnerstëtzt bei eiser Aarbecht an do sidd, wann mir iech brauchen; an sollt et néideg sinn, mat eis op Strooss gitt, fir eis Fuerderungen duerchzesetzen.
MERCI
Georges Merenz
-
Editorial 10
11.18 Ko
