Editorial: Georges Merenz 12..2018
Editorial: Georges Merenz 12..2018
Mir loossen keen am Reen stoen!
Fir mech, als Präsident vum Landesverband, ass et eng grouss Éier, an ech si richteg houfreg, iech alleguerten, léiw Kommerodinnen an Kommeroden an Iech léiw Éiregäscht haut zur eiser Eröffnung vun eisem nei, renovéierte Casino Syndical ze begréissen. En Traditiounshaus wat hei zu Lëtzebuerg an der Gewerkschaft’s Szene sou munch Geschicht geschriwwen huet. Zesumme mat menger Equipe sinn ech frou, dass mir en Dënschdeg (11. Dezember 2018) dann endlech mat e bësse Verspéidung zeréck an eist Haus plënnere kënnen. A mir wäerten d‘Traditioun och weider féieren an och net fäerte fir hei am Haus, sollt et néideg ginn, erem en neie Streik ze beschléissen, ech kommen e besse méi speit nach emol dorobber zeréck.
Ech well awer och alleguerten déi hei an den leschten Joeren um Projet geschafft hunn, villmools Merci fir hir Aarbecht an Engagement soen.
Vum Mann, deen Deeg lang mam klenge Bagger am Keller geschafft huet, bis hinn zu all deene Jongen a Meedecher mat de gëllenen Hänn, den Handwierker. Dem Här Theisen a senger Equipe vun Architekten an e ganz besonneche Merci un d’CSL an un d‘Exekutif vun der Société Coopérative. Zesummen hunn sie iwwer Joeren un dësem Projet geplangt an en elo zu Enn bruecht. An dass de Projet gelongen ass, dovun konnt dir Iech jo haut iwwerzeegen. Hinnen alleguerten nach emol e ganz grousse Merci.
An elo ass et dann erëm un eis, dem Landesverband, déi nei Infrastruktur ze notze fir eis Membere beschtens ze betreien. An domadde fänke mir direkt den 13. Dezember un. Da fënnt hei am Casino e Kandidatentreffe statt, do wäerte mir eis Kandidatinnen an Kandidate beschtens op déi ustoend Sozialwahle vum 12. Mäerz 2019 virbereeden.
Eis Kandidatenleschte si komplett an eis Programmer stinn, si sinn de Leitfuedem zesumme mat eisem Slogan „de Landesverband fir eng sécher Zukunft“ op eisem Kandidaten-Dag. Den 17. an 18. Dezember komme Spriechstonne fir d‘Lokführer an d‘AV-Personal direkt hannen drunn.
Am Virfeld zu menger Ried op eisem Neijoersempfang vum 10. Januar 2019, wou mir och déi 110 Joer vum Landesverband an déi 100 Joer vun eise Vereenegunge feieren, wollt ech des Geléigenheet awer haut schon notzen, fir e puer Wuert iwwert aktuell Themen ze soen.
Kuerz nodeem bekannt ginn ass, welch Parteien eis nei Regierung bilde wäerten, hu mir als Landesverband eng Entrevue bei den 3 Parteien ugefrot. Mir wollten mat hinnen iwwert den Koalitiounsprogramm schwätzen, et war fir eis einfach wichteg, dass d‘Regierungsvertrieder mat Leit vum Fach schwätzen, éier si net ausgeduechten Endschlëss huelen, déi schwéier reckgängeg ze mache wären. Als Landesverband si mir déi Gewerkschaft déi am öffentlechen Déngscht de beschten Uspriechpartner ass.
Mee nee, mir kruten eng global Ofso zu eiser Ufro. An dat Kommerodinnen an Kommeroden, léif Éieregäscht war schon den éischte fatale Fehler vun der neier Regierung, déi jo awer och vun engem gudde Sozialdialog mat den Gewerkschafte geschwat huet, e leider elo schon net mecht. Dat beschte Beispill dofir ass dës Ofso.
Dir frot Iech elo mat Rescht, welch Sujetë mir als Landesverband mat de Parteie beschwätze wollten. Als 1 wieren do eis Chargé(e)s de cours, obwuel et de Landesverband 2009 fäerdeg bruecht huet, dass d‘Chargé(e)s bei de Staat komm sinn an hir verdéngten Unerkennung am Schoulsystem kruten, steet nach villes op. Déi onméiglech CDD-Kontrakter iwwer Joeren, erméiglechen den Chargeeën net, op de Banken een Wounnegsprêt accordéiert ze kréien, (mir haten elo e Fall vun engem jonke Mann, dee 6 Joer no en aner en CDD krutt), den 2. Bildungswee an déi alldeeglech Konditiounen um Terrain sinn nach ëmmer eis aktuell Themen an der Chargé(e)s-Sektioun.
E weidere wichtege Punkt ass d’Gehälterreform am öffentlechen Dengscht, déi Mesuren déi de Minister Dan Kersch nach an senger leschter Amstpériode, als Minister vun der Fonction Publique, annoncéiert hat an elo vun der neier Regierung emgesaat musse ginn, begréisse mir. Ginn eis als Landesverband awer endscheedend net wäit genug. Mir fuerderen erëm d’Hirstellung vun der fréierer Situatioun, virun allem déi bei den Endgraden, souwéi d’Ofschafung vun der Evaluéierung am öffentlechen Dengscht. A soulaang dat net geschitt gëtt sech de Landesverband net mat dëser Gehälterreform zefridden.
Och iwwert d‘Problemer am Gesondheetswiesen wollte mir mat hinnen schwätzen, d’Verbesserung vun de Krankekeesleeschtungen, flächendeckend Noutdéngschter a genuch Spidolsbetter siefen als Beispill genannt.
Mir wollten hinnen awer och verschidden nei Informatione matdeelen, déi liesen se da muer an der Presse, z.b. dass mir bei der Fuerderung no engem gudde Kollektivvertrag bei der Tramgesellschaft Luxtram SA, niewend eisem Kooperatiounspartner, dem OGBL, och elo op d‘Ennerstëtzung vun der franséischer CGT ziele kënnen.
Wéi ech menge Kolleege vun der CGT an engem Gespréich erkläert hunn, dass déi lëtzebuergesch Regierung an d‘Stad Lëtzebuerg zesumme mat der Direktioun vu Luxtram SA déi méi schlecht sozial Situatioun vun den franséische Frontalien notzt fir am öffentlechen Dengscht zu Lëtzeburg sozial Dumping ze bedreiwen, brauch ech iech hinnen hir Reaktioun net ze beschreiwen. An aus deem Grond wäerte mir hei am Casino Syndicale eng Presse-Konferenz mat Gewerkschaften aus der Groussregioun organiséieren, fir dat net weider zou ze loossen. Och zu Bréissel solle se gewuer ginn, wat hei zu Lëtzeburg leeft. Ech machen elo nach eng Kéier en Appel un d’Regierung an déi Verantwortlech vun der Stad Lëtzebuerg sech mat eis un een Dech ze setze fir ee gerechte Kollektivvertrag fir all Mataarbechter vum Tram ze kréien, an net dat Spill vun der Direktioun vu Luxtram SA matzespille fir keng richteg Verhandlungen ze féieren a jhust minimal Verbesserunge virzeschloen no dem Motto „à prendre ou à laisser“ soss kënnt deen Dag ganz séier, wou mir den Tram aus den Schinnen hiewele wäerten.
Nach ee Punkt deen ech haut uschwätzen wollt, éier mir zesummen op d’Eröffnung vun eisem Casino e gudde Patt drenken. Dee Patt ass iwwrengens gratis, an domadder sinn ech och direkt beim nächste Punkt.
E gratis öffentlechen Transport, dir huet eis Meenung dozou schon den 26. November an eisem Pressekommuniqué an der Dagespress an op RTL gelies, héiert sech op den éischte Bleck guer net schlecht un, mee do hängt awer nach villes hannen drunn a wann een dat Ganzt analyiséiert, Kommerodinnen an Kommeroden, léif Éieregäscht, ass dat scho guer net méi esou interessant, an déi eenzeg Äntwert op e gratis öffentlechen Transport kann nëmmen sinn
NEE MERCI mir verzichte gären, NEE mir sin absolut dogéint.
An och doriwwer wollte mir mat deenen 3 Parteie schwätzen, wat dee geplangte gratis öffentlechen Transport alles mat sech brengt a virwat mir net nëmme gären dorobber verzichten, mee virwat mir als Landesverband en absolut net akzeptéieren kënnen.
Aarbechtsplazenofbau, jo den alen an och erëm neien Transportminister François Bausch huet eis e Méindeg (10. Dezember 2018) zum engem informelle Gespréich geruff. E besse spéit menger Meenung no, huet hie vergiess, dass hien och oft hei am Haus vill gejaut huet fir sech fir d‘Intereese vun den Eisenbunner anzesetzen. Den Här Bausch wäert eis erklären, dass kee Mataarbechter vun der CFL durrch dat Wahlverspriechen endloos gëtt. Dat ass eis scho bewosst, dat léist den Eisenbunner-Statut guer net zou, awer och de Landesverband net, an elo kucken ech op d‘CFL-Direktioun, sollt sou ee Fall trotzdem geschéien, wir et Schluss mat Lustig op der Bunn. Aarbechtsplazenofbau heescht et och wa keng nei Matarbeschter fir déi betraffen Aarbechtsplazen agestallt ginn, an dat ass net akzeptabel fir de Landesverband. Oder ass dat ieren de reelle Grond vun déier Gratis-Mesure, eng verstoppte Spuermesure, duerch Aarbechtsplazenofbau am öffentlechen Dengscht?
A wéi gesäit et aus an der Mobilitäitszentral a beim Verkéiersverbond, och déi Léit gi vum Landesverband vertrueden. Froen, déi mir dem Minister e Méindeg stelle wäerten an do welle mir konkret Äntwerten. Dat ass emol den 1. Punkt, dee géint de gratis öffentlechen Transport schwätzt. Et kommen der nach vill no. Wie kann iwwerhaapt vun déier Gratis-Mesure profitéieren? Dat misst jo da vir jidwereen hei am Land gläich gellen an och fir eis Frontalieeën déi hei zu Lëtzebuerg schaffen an hir Steieren hei bezuelen. Ass dat esou? Ech mengen awer net. Eisen öffentlechen Transport gëtt dat zur Zäit jo guer net hir a wäert et dat och bis zum Freijoer 2020 net hir ginn.
Et ass net fir näicht, dass mir Jore laang nei Bus- an Zugline fuerderen. D‘Ubannung vum Findel un den Zuchreseau, war net do schon eng Gare gebaut? Transversal nei Linen duerch d’Land an eng direkt Zuglinn vun Esch op Lëtzebuerg si laang Fuederunge vum Landesverband. Hätten eis fréier Regierungen op de Landesverband gelauschtert, wire mir haut schon e gudd Steck méi wäit.
Opwuel een déi vill Efforte schätze muss déi vu ville Säiten an de leschte Joren gemaach gi sinn, musse mir awer emol däitlech soen, géife mir haut bei enger Evaluatioun vum öffentlechen Transport net iwwert en orange Smily eraus kommen. An elo kommen nach all déi technesch Problemer dozou, eis national Eisenbunn hätt jo absolut keng Kapazitéit fir an de Spëtzenstonnen ee „surplus” vun nemmen 10% Reesender opzehuelen, d’Vergréisserung vum Fuhrpark dauert nach Joeren, wo setze mir dann d’Leit hinn. Wéi steet et fir d‘Awunner déi keng Méiglechkeet hunn den öffentlechen Transport ze notzen, well se fréi moies op d’Schaff mussen, déi Zäit wou den öffentlechen Transport nach schléift, oder transversal duerch d’Land fuere musse fir op d’Aarbecht ze kommen, mam öffentlechen Transport wire se haut dräi Stonnen ennerwee. Gläichzäiteg kréie mir d‘Pauschal vum Kilometergeld op der Steiererklärung nei gerechent. Ech gleewen net drunn, dass mir do an der Zukunft besser ewech kommen. An dat ass eng kloer Benodeelegung fir vill Awunner hei zu Lëtzebuerg an och fir eis Frontalieeën. Zu eisen Frontalieeën: bis wouhi géif den Gratis-Transport da goen, bis op d’Grenz, lafen mir dann net Gefor, dass eis Grenzgänger mat den Autoen op déi 1 lëtzebuergesch Gare gefuer kommen, fir vun do aus vum Gratis-Transport ze profitéieren, aplaz dass se scho mam grenziwwerschreidende Verkéier ureesen? Da missten awer schnellstens zu Betebuerg, Waasserbëlleg a Klengbetten grouss Opfaang-Parkinge gebaut ginn, wiren déi dann och gratis oder gi mir iwwer d’Parkingen déi verluere Recetten erëm eran huelen. Schaafe mir déi 1. Klass an den Zich of oder net? Egal wéi brengt dat grouss Problemer op nationalem an internationalem Plang mat sech, schaafe mir se net of a mussen d‘Reesender weider fir eng éischt Klass bezuelen, sinn Agrressioune vis-à-vis vun eisem Zuchbegleedpersonal virprogramméiert, schaafen mer se of, verléieren mir Clienten, déi bereed sinn e besse méi bezuele fir roueg am Zuch ze reesen, déi klammen dann erem zeréck op den Individualverkéier. Géif een emol mat eise Reesender schwätzen dat wat de Landesverband mecht, wéist een, dass dat esou komme wäert.
Kommerodinnen an Kommeroden, léif Éiregäscht ech kéint esou weider fueren , ginn eis Guicheeën all zougemaach? Wéi ass et da mam internationalen Billjeesverkaaf asw.
Ech hunn an menge 7 Joer als Sécherheetsdelegéierten bei der CFL, eppes agefouert wat ech haut och hei mache well. Ech hunn an der Zäit net nemme reklaméiert an op Problemer hingewisen, mee ech hunn och all Kéiers eng Propose gemaach wéi een et aus menger Sicht besser mache kéint, an dat hunn ech als eng Selbstverständlechkeet fonnt. A wann ech haut nach iwwert den CFL Reseau ginn , gesinn ech vill Plaze wou meng Proposen emgesat gi sinn.
An dofir Kolleegen erlaaben ech mir och haut eng Alternative zum gratis öffentlechen Transport ze proposéieren. Et ass jo esou, dass eis nei Regierung d’Recette vum öffentlechen Transport net méi well, da schloen ech fir, komm mir loossen dat mam gratis öffentlechen Transport einfach sinn an investéieren dat Geld an eis Gesondheetsleeschtungen, an eis Spideeler, eis Noutdengschter, eis Fleegen- an Altersversécherungen a mir sollten och eis sozial schwaach Matbierger net vergiessen. Iwwert Jugend- an Altersarmut zu Lëtzebuerg héiert a liest een net vill , mee et gëtt se awer och hei zu Lëtzebuerg an emmer méi. Komm mir notzen d‘Recette vum öffentlechen Transport fir do dergéint virzegoen. Sou dass mir net méi iwwer d’Aarmut hei zu Lëtzebuerg schwätze mussen, well et se einfach net méi gëtt.
An ech soen all Member vun der neier Regierung, dass dat wirklech eppes brenge géif, an dir vun dem roude Smily deen dir iech elo schn mat dem gratis öffentlechen Transport agefaangen hutt mat engem Sprong op ee gringe Smily eriwwer kéimt.
An dat léif Membere vun der neier Regierung géif Gréisst beweisen a géif Iech alleguerte gudd zu Gesiicht stoen.
Ech gesinn de Guy Greivelding, Präsident vun der societé coopérative, kuckt scho fir drëtt op seng Auer.
Guy, ech verstinn däin Zeechen an kommen zum Schluss. Den 12. Mäerz 2019 si Sozialwahlen, an dir hutt elo grad héieren, dass d‘Land sech ouni e starke Landesverband schwéier deet fir de richtegen Wee ze fannen. Dofir Kommerodinnen, Kommeroden a léif Gäscht, et gëtt och nemmen eng Méiglechkeet, déi eppes déngt, fir sécher an d’Zukunft ze kommen. D‘Lëscht 4 de Landesverband, also schwärzt de Kreess bei der Lëscht 4, mir weisen eisen Sozialpartner an de politesche Responsabelen de richtege Wee fir an eng sécher Zukunft.
Ech soen Iech nach eemol alleguerte Merci, datt dir haut komm sidd.
Vive den Landesverband!!!
Georges Merenz
D’Equipe vum Landesverband wënscht Iech Alleguerten an äre Familjen elo scho
schéi Feierdeeg an ee gudde Rutschan d’neit Joer 2019
-
Editorial 122018
38.50 Ko
