CORONAVIRUS - IMPAKT OP EIS GEWERKSCHAFTLECH AKTIVITÉITEN
CORONAVIRUS - IMPAKT OP EIS GEWERKSCHAFTLECH AKTIVITÉITEN
Comité exécutif • Luxembourg, le 13 mars 2020
CORONAVIRUS - IMPAKT OP EIS GEWERKSCHAFTLECH AKTIVITÉITEN
Komerodinnen an Komeroden,
Opgrond vun de Mesuren déi den 12. Mäerz 2020 vum Regierungsrot am Kader vum Coronavirus geholl goufen, hëlt d’Exekutiv vum Landesverband hier Responsabilitéit iech mat-zedeelen all eis Aktivitéiten wou vill Komeroden sech am Kader vun eisen syndikalisteschen Aktivitéiten versammelen op en spéideren Zäitpunkt ze reportéieren.
Dat heescht konkret dass vun haut ouns all Generalversammlungen bis op Avis contraire suspendéiert sinn.
Dës Mesuren sinn konforme mat den Recommandatiounen an Decisiounen vum Gouvernement.
Et geet notamment drëms den Pique vun Infektiounen iwwert en méiglechst laangen Zäitraum ze strecken fir doduerch en bescht Fonctionnement vun eisen medezineschen Ariichtungen oprecht ze erhalen.
Genau esou wichteg sinn des Mesuren fir déi Leit iwwer 65 Joer oder déijéineg, déi schonn duerch aner Krankheeten als besonnesch ufälleg gëllen, virun eeschten Komplikatiounen ze schützen.
Mer zielen op op äert Versteesdemech
< Zurück