CORONAVIRUS SÉCHERHEETSMESUREN
CORONAVIRUS SÉCHERHEETSMESUREN

CORONAVIRUS
SÉCHERHEETSMESUREN
Komerodinnen an Komeroden,
Opgrond vun engem Artikel den de 25. Mäerz 2020 online mam Titel „Coronavirus / Busfahrer beklagen Zustände bei CFL: Fühlen uns im Stich gelassen“ am Tageblatt publizéiert ginn ass wëllen mer iech folgend Informatiounen matdeelen. Deemno distanzéieren mer eis vun den Aussoen an dësem Artikel an denoncéieren dass ouni Averständnis Fotoen vun 2 Kolleegen am Kontext vun dësem Artikel dorëmmer circuléiren. Och sinn mer net domadder anverstaangen wéi d’CFL duerch dës Publikatioun duergestallt gëtt.
D’Delegatioun preziséiert hei besonnesch eng ganz gutt Zesummenaarbecht an Koordinatioun mat der zoustänneger Direktioun. An deem Sënn hunn mer och mat Zäiten eng ganz Partie Mesuren konnten realiséieren wéi d’Limitéieren vun den sozialen Kontakter duerch d’Erweideren vun den Openthaltsméiglechkeeten.
Och ass et méiglech éischter Feierowend ouni Verloscht bis zu enger ¾ Stonn ze maachen. Et sinn schonns virun 2 Wochen Banderollen an den Busser zur Dispositioun esou dass den Accès vun den Client’en nëmmen hannen méi méiglech ass woubäi eng Distanz vun 2 Meter zum C.R. garantéiert ass.
Et stinn iech hygienesch Lingetten zur Dispositioun an do wou et net méiglech ass d’Hänn ze wäschen, och en Désinfectant. Zousätzlech huet och jiddereen perséinlech esou en Flacon kritt an mer hunn zougesëchert kritt dass dem Personal weiderhin all Méigleches zur Verfügung stoen wäert.
Finalement stinn mer iech fir all Virschléi zur Verfügung an mer sinn mat der Direktioun an permanenten Kontakt fir weider fir är Sécherheet ze suergen.
Är Personaldelegatioun.
< Zurück