Editorial: Georges Merenz 05/2020
Editorial: Georges Merenz 05/2020

1. Mee Video-Message vum President vum Landesverband
Léiw Komerodinnen
an Komeroden,
Leider huet den Landesverband seng traditionell 1. Mee-Feier, den Dag vun der Aarbecht, bedéngt duerch d’sanitär Krise vum -COVID-19 annuléieren missten.
Eiser aller Gesondheet huet Virrang, sou hunn mir, wéi vun eiser Regierung beschloss, all ustoend Versammlung missten ofsoen.
Déi politesch Analysen an Fuerderungen vum 1. Mee kennt dier awer an der Mee-Ausgabe vun eiser Zeitung « Le Signal » liesen.
Ech wollt des Geleeënheet notzen vir iech all, déi an dësen schwéieren Zäiten vir eis geschafft hunn e groussen « MERCI » auszeschwätzen.
Merci un eis Regierung, déi schwéier an net alldeeglech Entscheedungen huet missten huelen an déi eist Land awer bis elo gutt duerch des schwéieren Zäiten bruecht huet.
Merci un eist Fleegepersonal, déi dag-deeglech eis krank Matbiergerbetreien, dem Personal aus dem Liewensmëttelberäich, dem Schoul- Personal souwéi och op den Tankstellen, déi all Dag fir eis do sinn, an dobäi sech selwer an d‘Gefohr vun engem Ustiechen mam COVID-19 aussetzen, hinnen eisen allergréissten Respekt.
Merci un d‘ Personal aus dem ëffentlechen Transport, den Bus an Tram- Chaufferen, dem Zuchpersonal, dem Stellwierks- an Gleisbaupersonal, dem Atelierspersonal, fir der nëmmen e puer ze nennen, déi all Dag op d‘Aarbecht kommen an hiren Mann an Fra stellen fir dass den ëffentlechen Transport weider dréint. Merci un d‘CFL-Direktioun fir hiren permanenten Asaz, net ze vergiessen dass Mataarbechter vum CFL-Grupp op fräiwëlleger Basis dem Cargo-Zenter um Findel zur Verfügung gestallt ginn, fir do eng wichteg Hand bei der Logistik vun den ageflunnen Hëllefsgidder mat unzepaken.
Merci all deenen déi doheem iwwer Télétravail an Videokonferenzen, hier Aarbecht leeschten.
Si hunn vill néi Erfarungen mat den neien digitalen Medien fir eis gesammelt. Den Télétravail an Videokonferenzen wäerten an der Zukunft eng vill méi grouss Roll an eiser Aarbechtswelt spillen. Et ass elo un eis Gewerkschaften, hei déi richteg Prozeduren mat den Direktiounen vun den Betriber auszeschaffen fir do déi richteg, zum Schutz vun all Mataarbechter, Reegelen auszeschaffen.
Zum Beispill muss d‘Recht op Onerreechbarkeet garantéiert sinn. Bei der CFL sinn mer ak-tuell dobäi gemeinsam Prozeduren vum Télétravail, Horaire mobile an Zäitspuerkont auszeschaffen, wou d’Erfarungen aus den leschten Wochen mat afléissen wäerten.
Merci awer och all deenen, déi einfach doheem hunn missten leiwen, wat och net ëmmer einfach ass, verschiddener vun eis am « Chômage partiel » mat den hei bekannten Lounaboussen, an sech trotz allem, un deen vun der Regierung zu eisem Schutz beschlossenen Confinement gehalen hunn, fir sech selwer hier Famillen an Aarbechtskolleegen net an Gefor ze bréngen.
Net ze vergiessen all déi bénévole Matbierger, déi Grousses geleescht hunn, sief dat am Fleegesecteur oder beim Masquenbitzen. Eng exemplaresch Leeschtung vun eisen Matbierger op déi eist Land houfreg kann sinn. Hinnen all en groussen -Merci.
Mer sollten dës Krise awer och als eng Aart Chance gesinn. Huet si dach villen Matbierger d’Wäerter wéi Fräiheet, Solidaritéit, sozial Gerechtegkeet, Transparenz an den Prinzip vun der Gläichheet an d’Erënnerung geruff.
D’Regierung huet elo decidéiert, no Récksprooch bei Gesondheetsexperten, den Confinement, Etapp fir Etapp, erëm opzehiewen.
Mir mussen erëm lues an lues op eisen deeglechen Alldag zeréck kommen, dëst awer mat den néidegen Schutzmoossnamen, fir net eng 2. Well vun Pandemie lass ze léisen.
Mir sinn do all gefuerdert fir eis un Gesondheets-Virgaben vun der Regierung ze halen.
Dowéinst hunn mir als Landesverband och decidéiert eisen 1. Syndikatsdag vum 1. Juli 2020 an den Hierscht ze verleeën.
Dat ass en ganz wichtegen Dag fir den Landesverband. Den 1. Juli 2020 fänkt déi provisoresch Fusioun vum Landesverband an den OGBL un.
E wichtegen an logeschen Schrëtt no der laangjäreger gudder Zesummenaarbecht vun den 2 Gewerkschaften. Duerch dësen Schrëtt wäert den Landesverband sech vir seng Memberen verstäerken, an gemeinsam mam OGBL eng staark Gewerkschaft bilden, déi och an extremen Krisesituatiounen wéi den COVID-19, ganz wichteg sinn.
Zesummen staark
Vive den 1. Mee
Vive den Landesverband
Vive den OGBL
Georges Merenz, Präsident
-
Editorial 052020 – Georges Merenz 19.00 Ko