INFO
INFO

INFO
Letzebuerg, den 23. Dezember 2020
CORONAVIRUS - IMPAKT OP EIS GEWERKSCHAFTLECH AKTIVITÉITEN
Komerodinnen an Komeroden,
Opgrond vun de Mesuren an der Lutte géint de Coronavirus deelen mer iech mat dass eisen Service Accueil an Guichet am Casino syndical an der Woch vum 4. bis den 11. Januar 2021 nëmmen ganz reduzéiert fonctionéiert.
Wann nëmmen méiglech sollt der är Ufroen per Telefon (+352 48 70 44-1) oder per E-Mail () areechen.
Nëmmen am Fall wou en perséinlechen Kontakt am Casino syndical zwéngend noutwendeg wier, sidd der invitéiert iech iwwer Telefon beim Sekretariat (+352 48 70 44-1) unzemellen fir en eventuellen RDV ze fixéieren.
En Mondschutz ass generell ze droen wann eng Distanz vun 2 Meter ënnerteneen net kann respektéiert gin.
En Mondschutz ass och an all Circonstance op folgenden Plazen ze droen:
Accès op den 2. Stack:
- Am Hall d’Accès,
- am Trapenhaus, am Lift an op all Palier.
Lokal um 2. Stack:
- An der Entrée an am Hall,
- an allen Passagen fir an d’Büroen, op d’Toiletten, an de Kopiesraum, an d‘Kichen an an d’Societéit Coopérative ze goen.
All aner Fäll sinn konforme nom geännerten « Covid-Gesetz » vum 17. Juli 2020 sënngeméiss z’applizéieren.
Wichteg fir iech ass et, d’Sécherheetsmesuren gutt ze kennen an sech drun ze halen, och wann dat iech schwéier fält. Mer däerfe net vergiessen dass de Virus nach ëmmer circuléiert.
Finalement sinn d’Gestes-Barrières ze respektéieren. Dat sinn virun allem de Mondschutz, d’Hänn reegelméisseg wäschen an op 2 Meter Distanz bleiwen (och mat Mondschutz wann et nëmme geet).
Mer zielen op äert Versteesdemech.
< Zurück