GI-EI: Et bleiwt beim Datum !
GI-EI: Et bleiwt beim Datum !

Léif Kolleginnen a Kollegen,
Eisen Info vum 09. Mäerz huet fir vill Diskussiounen am Betrib gesuergt an dat ass och gutt esou.
D ‘Spannung gëtt eben ëmmer méi grouss, bei jiddwerengem vun eis.
D’Iddie vun enger Verlängerung, vun zwee bis dréi Méint vun der aler Reglementatioun, an Nuets a Sonndes Tester mat der neier Reglementatioun ze maachen ( wat selbstverständlech juristesch hätt missten geklärt ginn), ass net gutt bei der Belegschaft ukomm. Mir hunn dat zur Kenntniss geholl.
Haut den 14.Mäerz hate mär dann eis 2. Versammlung beim Henri Werdel.
Hei ass dat wat dobäi erauskoum :
- D’ Datum fir d ‘Aféierung vun der neier Reglementatioun gëtt net verréckelt.
- Et ginn nodréiglech Simulatiounsübungen gemaach. Di éischt fënnt schon Sonndes den 03.Abrëll, den ganzen Dag op der Linn 7 statt ennert der Obsiicht vun de Chef de Régions. Dorops hinn soll dann eng éischt Analyse gemaach ginn.
- Chantieren di mat der aler Reglementatioun ufänken, halen och mat der aler op. Dat gëtt explizit am ASS oder ATRA erklärt.
- Am Ufank gëtt d’Ausféierung vun den Atra-CT an Atra-Local um Terrain begleed (Mouvement a QSE)
- D’Funktioun vum ADEC gëtt nach méi kloer définéiert.
- Et ginn weiderhinn ugepassten Perfektiounscouren, op freiwëlleger Basis, ugebueden, déi och als Arbechtszäit zielen.
- Et kënnt eng Note vum EI eraus wou nach eng Kéier op d’Wichtegkeet vum 03.Abrëll higewisse gëtt an de Läit erklärt gëtt dass d’Prioritéit der Sëcherheet gëllt.
GI-EI-Personalvertriedung
Virstand Sektor Eisebunnen
-
2016-03-14 INFO GI-EI Werdel suite 111.89 Ko