INFO2 CORONAVIRUS - IMPAKT OP EIS GEWERKSCHAFTLECH AKTIVITÉITEN.
INFO2 CORONAVIRUS - IMPAKT OP EIS GEWERKSCHAFTLECH AKTIVITÉITEN.
CORONAVIRUS - IMPAKT OP EIS GEWERKSCHAFTLECH AKTIVITÉITEN
Komerodinnen an Komeroden,
Konforme no de Mesuren déi vun der Regierung am Kader vum Coronavirus geholl goufen, deelen mer iech folgend Informatiounen mat.
Situatioun vun eise Kolleegen am Déngscht:
Wéi der wësst, leeschten weiderhin eng ganz Partie Kolleegen, sief dat aus der Fleeg, dem Transport (Zuch, Bus, Camions), der Fonction publique, dem Commerce souwéi aus allen aneren Beräichen déi hei och am Hannergrond beschäftegt sinn (Fahrdéngscht, Ateliers, Informatik, Sekretariat, Lounberechnung an nach vill anerer) en essentiellen Déngscht fir déi vital Interêt’en vun all Bierger an vun eisem ganzen Land oprecht ze erhalen.
Besonnesch luewen mer den fräiwëllegen Asaz vun de Kolleegen aus dem Grupp CFL déi direkt beim Handling am Cargo-Center um Fluchhafen Findel mathëllefen.
Dofir dréckt den FNCTTFEL-Landesverband hinnen all, säin déifsten Respekt aus an seet allen Kolleegen en groussen MERCI fir déi virbildlech Solidaritéit. Och wëllen mer eiser Regierung an der CFL-Direktioun an hirem Engagement am Kader vun dëser sanitärer Kris félicitéiren.
Finalement sinn mer mat den zoustännegen Direktiounen an Instanzen an permanenten Kontakt fir weider fir är Sécherheet ze suergen.
Generalversammlungen:
All Aktivitéiten wou vill Komeroden sech versammelen wéi d‘Generalversammlungen sinn op en spéideren Zäitpunkt reportéiert.
< Zurück