D'Beamtendelegatioun stellt sech vir ...
D'Beamtendelegatioun stellt sech vir ...
Bei der Gemeng Lëtzebuerg gëtt et zwou Personalvertriedungen: eng Personalvertriedung fir d’ Fonctionnären an d’Employeeën (d’Beamtendelegatioun) an eng Personalvertriedung fir d’Aaarbechter a Privatbeamten (Salariatsdelegatioun).
Hei wëlle mir iech d’Beamtendelegatioun virstellen (Dëst ass den Text vun engem Bulletin vun der Beamtendelegatioun vum Abrëll 2011 - 6 Seiten A4).
Wat ass d’Beamtendelegatioun?
D’Beamtendelegatioun vun der Gemeng Lëtzebuerg – mat ganzem Numm „Délégation des Fonctionnaires et Employés de la Ville der Luxembourg“ – ass déi legal Interessevertriedung vun alle Fonctionnären an Employeeën vun der Gemeng Lëtzebuerg, souwuel beim jeweiligen Chef de Service, bei der Personaldirektioun („Direction des Ressources Humaines“) wéi och beim Schäfferot. Dat betrëfft och d’Fonctionnären, déi nach net fest ugestallt sinn („fonctionnaires en service provisoire“).
Si setzt sech zesummen aus 16 gewielten Delegéierten an aus 16 Ersatzdelegéierten. De Büro vun der Delegatioun bekëmmert sech ëm déi alldeeglech Aarbechten an ass den direkten Uspriechpartner fir de Schäfferot, d’Servicer an d‘Personal.
Fir wat a fir wien ass d’Beamtendelegatioun do?
D’Haaptaufgab vun der Beamtendelegatioun ass et fir déi berufflech Interessen vun alle Fonctionnären an Employeeën ze verdeedegen an ze verbesseren.
Dofir ass si – dem Artikel 47 vum Beamtestatut no – opgefuerdert fir:
- hiren Avis ofzeginn a Virschléi ze maachen fir d’Aarbechtskonditioune ze verbesseren;
- der Gemeng déi individuell oder kollektiv Reklamatioune vum Personal virzedroen – dat geschitt awer nëmmen dann, wann dat ausdrécklech vum Personal gewënscht gëtt;
- individuellen a kollektive Konflikter tëscht der Gemeng an hirem Personal ze verhënneren respektiv ze hëllefen dës ze behiewen;
- bei der Ausaarbechtung an der Ëmännerung vun Déngschtreglementer, an anere Bestëmmungen, déi d’Personal betreffen, matzeschaffen;
- bei alle Froën iwwer d’Organisatioun vu de Servicer hiren Avis ofzeginn;
- D’Delegatioun muss vum Schäfferot respektiv dem betreffende Service, bei Reorganisatiounen an Ännerungen vun interne Reglementer a Bestëmmungen „vun Ufank un“ („dès le stade de l’élaboration du texte“) konsultéiert ginn. Dobäi soll de Schäfferot de Virschléi vun der Delegatioun „sou wäit wéi méiglech Rechnung droen“. D’Delegatioun an de Schäfferot mussen „an alle Fäll Léisungen sichen, déi souwuel am Interessi vum Personal, wéi och am Interessi vum Service a vum Public sinn“. Wann dobäi kee Konsens fond gëtt, gëtt d’Delegatioun en zweeten Avis of, op Grond vun deem nach eng Kéier versicht gëtt sech eens ze ginn. Wann dann nach ëmmer kee Kompromiss fond gëtt, dierf ee sech och un den Innenminister adresséieren.
- Virschléi ze maachen bei der Gestioun vu soziale Wierker, de Schutz vun der Aarbecht, der Verbesserung an der Verschéinerung vum Aarbechtsëmfeld, bei der Präventioun vun Aarbechtsakzidenter a Beruffskrankheeten, sou wéi bei der Integratioun vum Personal dat Affer vun engem Akzident oder Handikap ass.
Doriwwer raus sinn d’Personaldelegatioun an hir Delegéiert awer och do, fir déi eenzel Membere vum Personal an alle berufleche Froen ze beroden an z‘ënnerstëtzen.
Wien ass Personaldelegéierten?
D’Beamtendelegatioun setzt sech aus 16 Delegéierten an 16 Ersatzdelegéierten zesummen. D’Delegéiert an Ersatzdelegéiert ginn all 5 Joer gewielt. D’Zuel vun den Delegéiert hänkt vun der Zuel vum Personal of, dat walberechtegt ass. Walberechtegt sinn all déi Fonctionnären an Employeeën déi wéinstens 6 Méint virun den Delegatiounswalen am Dëngscht vun der Gemeng stinn.
Fir gewielt kënnen ze ginn, muss een 21 Joer al sinn. Gewielt gi kënnen d‘Fonctionnären an d’Employeeën, déi op dem Daag vun den Walen zënter méi wéi engem Joer festagestallt sinn.
Déi lescht Delegatiounswalen waren de 10. Mee 2007. Dräi Gewerkschaften hate Kandidatenlëschten opgestallt. D’Nimm vun de gewielten Délégéierten fand Dir ënnen op dëser Säit. Déi nächst Wale sinn am Fréijoer 2012.
Wéi schafft d’Beamtendelegatioun?
Déi dagdeeglech Aarbechte vun der Delegatioun ginn vum Delegatiounsbüro gemaach. Den Delegatiounsbüro ass och den direkten Uspriechpartner fir de Schäfferot, d’Servicer an d‘Personal. Doriwwer raus kann och jidderee vum Personal sech un een Delegéierte vu sengem Choix riichten.
Den Delegatiounsbüro.
Am Büro vun der Beamtendelegatioun sinn:
- Jeannot WEGENER, Präsident – Tel: 3079
-
Justin TURPEL, Sekretär – Tel: 2693 - zenter Dezember 2011 ersat durch
Danièle FELLER, Sekretärin, Tel: 2693 - John HANSEN, 2. Sekretär – Tel: 3015
- Carlo ELTER, Vizepräsident – Tel: 3023
- Jean-Marie MICHELS, Vizepräsident – Tel: 3023
Fir hir Aarbecht maachen ze kënnen, huet d’Beamtendelegatioun Fräistellungen zegutt, déi d’Delegatioun opdeelen kann. Dës Opdeelung erlaabt et fir de Präsident an déi zwee Sekretären gréisstendeels fräizestellen, an allen aaneren Delegéierten eng zäitlech begrenzte Fräistellung ze ginn.
Den Delegatiounsbüro trefft sech all Méindesmueres, fir d‘Aarbechten ze klären an opzedeelen, Avisen a Sitzungen virzebereeden …
D’Delegatioun huet hir Büroen um Lampertsbierg, 19, rue de la Chapelle. Mir sinn ze erreechen zu de normalen Buroszäiten ausser wa mir a Versammlungen oder op engem Rendez-vous sinn. Dofir soll een am beschten am viraus Rendez-vous ufroen. Den Telefon ass 3023 an d‘E-Mail-Adress vum Delelgatiounsbüro ass
Versammlungen vun der Delegatioun.
Déi 16 Delegéiert gesi sech regelméisseg ee Mol am Mount an enger Réunioun vun der ganzer Delegatioun, a wann néideg och méi oft. Souwuel all Delegéiert, wéi och déi eenzel Gewerkschaftsfraktiounen, kënne Punkten op d’Dagesuerdnung setze loossen, déi vum Delegatiounsbüro virbereet gëtt. De Rapport vun all Versammlung geet un all Delegéierten, all Ersatzdelegéierten an och un de Schäfferot.
Avisen a Propositiounen.
All Avis vun der Delegatioun gëtt am Prinzip mam Personal aus dem Betrieb deen et ugeet virbereet a vun der ganzer Delegatioun diskutéiert a décidéiert, ier en un de Schäfferot geschéckt gëtt.
De groupe de travail 'Affaires du Personnel - fonctionnaires et employés'.
D’Vertrieder vun der Delegatioun komme regelméisseg – am Prinzip 10 Mol d’Joer – mat dem Buergermeeschter, dem Här Paul Helminger, an de Vertrieder vun der Personaldirektioun zesummen.
Do gëtt iwwert all déi Punkte geschwat, fir déi d’Delegatioun weder mam zoustännege Service nach mat der Personaldirektioun een Accord fond huet.
Dobäi ass d’Delegatioun vertrueden duerch den Delegatiounsbüro a je engem zousätzlechen Delegéierten vun all Gewerkschaftsfraktioun. Je no Thema kënnen och deen een oder anere Schäffen, chef de service oder Direkter op déi Sitzungen ageluede ginn.
Déi Punkten iwwert déi an dem Aarbechtsgrupp 'Affaires du Personnel - fonctionnaires et employés' geschwat goufen a iwwert déi en Accord fond ginn ass, gi fir eng definitif Décisioun un de Schäfferot geschéckt.
Zesummenaarbecht mat de Gemengenservicer.
All Member vum Personal soll, wann et Problem gëtt, fir d’éischt selwer mat sengem Chef schwätzen. Et kann ee sech awer och scho virdru vun der Beamtendelegatioun beroden oder ennerstëtze loossen. A bestëmmte Situatiounen ass et och eng wichteg Hëllef fir sech vun engem Personaldelegéierten beroden oder bei de Chef begleeden ze loossen.
All Ugeleeënheet, déi net am Betrib geléist gi kann, kann awer och – wann de Betraffenen dat wënscht – vun der Beamtendelegatioun un d’Personaldirektioun, de Schäfferot oder de Burgermeeschter erugedroe ginn.
Zesummenaarbecht mat der Pesonaldirektioun.
Den Delegatiounsbüro versicht alldeeglech Problemer, wou keng weider Decisioun vum Schäfferot néideg ass, direkt mat der Personaldirektioun ze klären.
Aarbechtsgruppen a Kommissiounen.
Am Kader vun hiren Aufgaben ass d’Delegatioun och an verschiddene permanenten oder spezifischen Arbechtsgruppen vertrueden, déi vum Schäfferot agesat gi sinn.
D’Delegatioun selwer huet och d’Recht an hiren eegene Reien Spezialkommissiounen z’organiséiren, fir bestëmmten Themaen ze behandelen (sou zum Beispill bei méi groussen Reorganisatiounen an de Betriber).
Wuelbefannen op der Aarbechtsplaz.
D’Beamtendelegatioun ass frou, datt de Schäfferot d’accord war fir e speziellen Departement ze grënnen, fir d’Wuelbefannen vun all Mënsch op senger Aarbechtsplatz z’ënnerstëtzen. Desen Departement, ënner der Responsabilitéit vun der Mme Céline Briolotti, ass Ulafplaz fir all Member vum Personal am Fall vu Konflikter, Mobbing oder gesondheetleche Problemer. Heihinner kann ee sech och vun engem Personaldelegéierete begleede loossen.
Den Département „Prévention et bien-être au travail“ huet och en Aktiounsplang ausgeschafft, fir d’Wuelbefannen op der Aarbechtsplatz ze verbesseren. Heibäi sinn Aktiounen zu deenen heiten Themaen an d’Wee geleet ginn:
- Alkohol an aner Suchtkrankheeten op der Aarbechtsplatz;
- Kommunikation a Konfliktgestioun;
- Stress, Burn out a posttraumatesche Stress;
- Aarbechtmedezinesch Aktioune wéi Grippenimpfungen, Inventar an Ennersichen vu „postes à risque“, Weiderbildung a Konferenzen, Initiativen fir Präventioun, „étude de poste“ am Fall vu gesondheetleche Problemer.
Bei all „étude de poste“ ass och e Vertrieder vun der Beamtendelegatioun derbäi.
Weider Informatiounen zu all dësem fënd een am Intranet ënnert Accès par services > DRH > Bien-être au travail.
Intern Charta.
Op Wonsch vum Schäfferot gouf 2009 eng intern Charta ausgeschafft déi festhält, wéi bei der Gemeng Lëtzebuerg ee mat dem aneren ëmgoe soll. D’Zil vun dëser interner Charta ass et, fir jidder Member vum Gemengepersonal et z’erméiglechen, an engem positiven Aarbechtsëmfeld z’evoluéieren, an houfreg a verantwortungsbewosst am Déngscht vun der
Allgemengheet ze schaffen. Dobäi gëtt Weert op géigesäitege Respekt an eng gutt Kommunikatioun am Alldag geluecht. An all Service soll et och regelméisseg Déngschtréuniounen ginn. Eise Statut schreift doriwwer raus vir, datt all Chef op d’mannst ee Mol am Joer mat all Member vu sengem Personal eenzel schwätzt („Mitarbeitgespräche“).
D’Beamtendelegatioun ass der Meenung, datt déi intern Charta eng gutt Saach ass wa se respektéiert gëtt. Dat ass awer nach lang net iwwerall de Fall. Do ass op alle Fall nach „Verbesserungsbedarf“ …
Prozedur géint Mobbing a sexuell Belästegung.
Am Laf vum Joer 2010 huet d’Delegatioun zesumme mat der DRH, dem Département „Prévention et bien-être au travail“ an der „Communication interne“ eng Prozedur ausgeschafft fir Mobbing a sexuell Belästegung ze bekämpfen. Dobäi gëtt ganz kloer festgeluecht, datt d’Gemeng kee Mobbing an keng sexuell Belästigung a senge Servicer toleréiert. Och doriwwer ginn et weider Informatiounen am Intranet. Och an dëse Fäll kann all Fonctionnär oder Employee sech vun der Beamtendelegatioun beroden an ënnerstëtzen loossen. Dobäi muss all Demande oder Gespréich diskret behandelt ginn.
Nei-Astellungen.
Fir datt d’Gemeng qualitativ heichwaerteg Servicer unzebidde kann, soll si – trotz budgetare Spuermossnahmen – nach emmer esouvill Leit astelle kenne, wei si wierklech brauch. Dofir huet all Service een Organigramm, wou drasteet, wat vu Leit neideg ass. Bei Annerungen am Organigramm muss d’Beamtendelegatioun em hiren Avis gefrot ginn. Die frai Posten gi regelmeisseg ausgeschriwwen.Trotz budgetären Spuermossnahmen, sollen nach ëmmer esouvill Leit agestallt gi, wéi d’Gemeng brauch fir qualitatif héichwäerteg Servicer unzebidden. Dofir huet all Service een Organigramm, wou drasteet, wat vu Leit gebraucht gëtt. Bei Ännerungen am Organigramm muss d’Beamtendelegatioun ëm hiren Avis gefrot ginn. Déi fräi Posten gi regelméisseg ausgeschriwwen.
D’Beamtendeelgatioun ass awer net d’accord domat, datt ëmmer méi op Privatbeamten zréckgegraff gëtt, wou eigentlech Fonctionnären sollen a kënnen agestallt ginn. Leider dauert et och oft vill ze laang, bis e Service déi Leit kritt, déi e brauch.
Recht op „intern Mobilitéit“.
All Fonctionnär a Beamten soll d’Recht hunn fir sech senger Carrière no op fräi Plazen an anere Servicer ze mellen. Dofir huet d’Beamtendelegatioun mat der DRH an dem Schäfferot eng speziell Prozedur festgehal, no där jiddereen d’Recht huet, sech souwuel op intern, wéi op extern ausgeschriwwe Posten vu senger Carrière ze mellen. Jiddereen, deen dat wëll, kann awer och eng „spontan Demande“ (also ouni datt eng Plaz ausgeschriwwen ass) machen. Dat selwecht gëllt fir jiddereen, deen aus gesondheeltechen Grënn säin Aarbechtsposten wiessele muss.
De Formulär fir déi Demanden ass och um Intranet. Eng „commission de mobilité“ iwwerwaacht déi Prozedur. Jiddereen deen heizou Froen huet, ka sech un de Präsident oder de Sekretär vun der Beamtendelegatioun, de Jeannot WEGENER oder de Justin TURPEL, déi d’Delegatioun an der Commissioun vertrieden, adresséiren.
Sécherheet bei der Gemeng Lëtzebuerg.
Dem Gesetz no huet de Patron d’Flicht sech ëm d’Sécherheet an d’Gesondheet vu sengem Personal op der Aarbecht ze këmmeren. Heifir huet d’Gemeng Lëtzebuerg en eegene Sécherheetsservice, mat u senger Spëtzt dem „Délégué à la sécurité“ vum Schäfferot.
D’Secherheet an d’Gesondheet am Gemengesekteur soll zesummen mam Personal an den Pesonaldelegéierten geregelt ginn. D’Gesetz seet, datt dat ënner anerem an engem „Comité local de sécurité“ geschéie soll. Do soll iwwert all noutwendeg Mesuren geschwat ginn, an alles d’Wee geleet gi, fir d’Sécherheet an all Betreb a fir all Mënsch ze garantéieren.
Bei der Gemeng Lëtzebuerg funktionnéiert de „Comité local de sécurité“ awer ganz schlecht oder guer net. Et mecht ons Suergen datt dëst sech trotz enger Abberzuel vu Reklamatioune beim Schäfferot nach ëmmer net geännert huet!
Gläichheetsdelegéierten.
Zënter 1999 huet d’Beamtendelegatioun och e Gläichheetsdelegéierten. Seng Aufgab ass et fir dem Schäfferot an der Delegatioun Propositiounen ze maachen zu der Gläichstellung vu Männer a Fraen, an d’Personal an deem Sënn ze beroden.
Gläichheetsdelegéierten vun der Beamtendelegatioun ass de Pascal FRISING, Tel. 3024; Ersatzvertrieder ass d‘Danièle FELLER. Tel. 2627 oder 621 702 134 begin_of_the_skype_highlighting 621 702 134 end_of_the_skype_highlighting.
Den Gläichheetsdelegéierten ass z’erreechen all Donneschdeg vun 13.30 bis 16.00 Auer oder op Rendez-vous.
Fir iech do.
D’Beamtendelegatioun ass fir all Fonctinnäre an Employee do. Zéckt net fir iech un är Personaldelegatioun ze riichten wann dir Froen oder Problemer hutt. An dat souwuel bei individuellen wéi och bei kollektiven Problemer.
Adresséiert iech entweder un en eenzelnen Delegéierten oder un de Delegatiounsbüro.
All Fall gëtt mat der gréisster Diskretioun behandelt. D’Beamtendelegatioun gräift nëmmen do an, wou dee Betraffenen dat ausdrécklech wëllt!
All Delegéiert ass – genau wéi s du – och Member vum Personal vun der Gemeng Lëtzebuerg. Et sin also Leit déi de Betrib kennen a mat deeeen dir oppe schwätzt kënnt. Si si fir iech do.
All Member vum Personal däerf och bannent senger Arbechtszäit op den Delegatiounsbüro kommen – dat heescht, datt een sech net fräihuele muss fir dohin ze goen. Wann ee während der Aarbechtszäit bei d’Delegatioun goe well, muss een awer virdrun sengem Chef Bescheed soen. Hei nach eng Kéier d’Adress: 19, rue de la Chapelle um Lampertsbierg (Bus Ligne 3 – Arrêt um ënneschte Glacis). Frot awer w.e.g. am viraus e Rendez-vous! Den Telefon um Büro ass 3023 an d‘E-Mail-Adress vum Delelgatiounsbüro ass
D’Gewerkschaften, déi d’Fonctionnären an d’Employeeën bei der Gemeng Lëtzebuerg vertrieden, sinn:
- FGFC, 66, rue Baudouin L-1218 Lëtzebuerg, Telefon 40 77 20-1 begin_of_the_skype_highlighting 40 77 20-1 end_of_the_skype_highlighting, , www.fgfc.lu
- FNCTTFEL-Landesverband, 63, rue de Bonnevoie L-1260 Lëtzebuerg, Tel. 48 70 44-1 begin_of_the_skype_highlighting 48 70 44-1 end_of_the_skype_highlighting, , www.landesverband.lu
- LCGB, 11, rue du Commerce L-1012 Lëtzebuerg, Tel. 49 94 24-1 begin_of_the_skype_highlighting 49 94 24-1 end_of_the_skype_highlighting, , www.lcgb.lu
Zesummesetzung vun der Beamtendelegatioun
Äer Delegéierte sinn:
- Wegener Jeannot, Präsident vun de Beamtendelegatioun, FGFC, 4796-3079,
- Turpel Justin, Sekretär vun de Beamtendelegatioun, FNCTTFEL-Landesverband, 4796-2693 , - zenter Dezember 2011 ersat durch Feller Danièle, Sekretärin vun de Beamtendelegatioun an Ersatz-Gläichheetsdelegéierten, Foyers scolaires, FNCTTFEL-Landesverband, 4796-2627 , 621 702 134 ,
- Hansen John, 2. Sekretär vun de Beamtendelegatioun, Geometer, FGFC, 4796-3015 ,
- Elter Carlo, Vizepräsident vun de Beamtendelegatioun, AVL, FNCTTFEL-Landesverband, 621 749 796 ,
- Michels Jean-Marie, Vizepräsident vun de Beamtendelegatioun, Musee, FGFC, 4796-3023 ,
- Frising Pascal, Gläichheetsdelegéierten, Voirie – Nai Aménagementer, FGFC, 4796-3024,
- Bonetti Mirko, Pompjeeën, FGFC, 4796-3509 ,
- Bonifas Alain, AVL, FNCTTFEL-Landesverband, 621 264 966 ,
- Clement Patrick, AVL, FNCTTFEL-Landesverband, 661 287 742
- Dondelinger Yves, AVL, FNCTTFEL-Landesverband, 4796-3796 , 691 98 3796 ,
- Girres Jean-Paul, Gemengekees, FGFC, 4796-2699 , jpgirres.@vdl.lu
- Kertz Jean-Paul, Architekt, FGFC, 4796-2897 ,
- Marx Lou, Circulatioun, FNCTTFEL-Landesverband, 4796-3352 ,
- Schmit Jean-Claude, Elektrizitéitswierk, FGFC, 4796-2617 ,
- Thinnes Armand, Elektrizitéitswierk, LCGB, 691 983 817 ,
Ersatzdelegéiert sinn:
- Braun Fernand, Génie civil – constructions, FGFC, 4796-4675 ,
- Chelius André, Pompjeeën, FGFC, 4796-3532 ,
- Dekic Dusan, Foyers scolaires, FGFC, 4796-4619 ,
- Dondlinger Lou, AVL, FNCTTFEL-Landesverband, 691 513 333
- Einsweiler Jean-Paul, Telefonszentral, FGFC, 4796-2302 ,
- Glesener Frank, AVL, FGFC,
- Hermes Jean-Marie, Pompiers, FGFC,
- Hoffmann Marc, Pompjeeën, FNCTTFEL-Landesverband, 621 316 695 , 621 316 695 ,
- Imbert Gérard, AVL, FNCTTFEL-Landesverband, 621 350 441
- Jacoby Marc, Pompjeeën, FNCTTFEL-Landesverband, 691 868 602
- Jaerling Mike, Pompjeeën, FNCTTFEL-Landesverband, 621 291 489 , 621 291 489 ,
- Kiefer Sonja, Elektrizitéitswierk, FNCTTFEL-Landesverband, 4796-2694 ,
- Kunnert Sascha, Energie, FGFC, 4796-3055 ,
- Langers Paul, Park, FGFC, 4796-3400 ,
- Quintus Servais, AVL, LCGB,
- Weber Jean-Claude, Park, FNCTTFEL-Landesverband
